Startsäit
Häerzlech wëllkomm op der Internetsäit vum Groupe Animateur!
Animatioun fir Kanner a Jugendlecher, Colonien, Weekender, Formatioun, ...- dat ass de Groupe Animateur.
Op onser Säit fannt Dir all Informatiounen iwwer ons Aktivitéiten an ons Asbl. Natierlech fannt Dir och méi Detailer iwwer de Service Freelance fir d'Animatioun vu Kannergebuertsdeeg an anere Kannerfester souwéi Fotoe mat Andréck vun onsen Aktivitéiten.
Aktuelles
De Summer ass, op d'mannst wat d'Campen an d'Kolonië vum Groupe Animateur ugeet, eriwwer an et hu ronn 450 Kanner a Jugendlecher vun onsen Aktivitéiten an der grousser Vakanz profitéiert!
Awer och iwwer de Rescht vum Joer bitt de Groupe Animateur flott Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher un. Sou stinn dëst Joer mat der Hierschtkolonie fir Kanner vun 9-14 Joer a mat der Wanterkolonie fir Kanner vu 7-11 Joer nach 2 Kolonien an den nächste Vakanzen um Programm. Et fannen och nach 2 Weekender fir Kanner statt.
Am Beräich Formatioun ginn dann nach eng Rei ofwiesslungsräich Weekender an eng Formatiounswoch bis zum Joreswiessel ugebueden.
Enn des Joers kënnt da wéi gewinnt de Programm fir 2011 eraus.

Fir d'Summervakanz sinn nach e puer Plaze fräi op onse Kolonien. Hei fannt Dir eng Lëscht mat deene Kolonien, wou aktuell nach Plaze fräi sinn. An der Rubrik "Camps a Kolonien" fannt Dir de ganze Summerprogramm. Fir Aktivitéiten, déi scho voll sinn, kënnt Dir Iech weiderhin umellen, kommt awer dee Moment op eng Waardelëscht.
| 19. - 29.7. | Camp Ierpeldeng I | Ierpeldeng | 9-12 Joer |
| 3.8. - 12.8. | Spillvakanz | Beefort | 7-10 Joer |
| 4.8. - 11.8. | Zeltkolonie fir eis all I | Colmar-Bierg | 11-14 Joer |
| 17.8. - 24.8. | Zeltkolonie fir eis all II | Colmar-Bierg | 7-10 Joer |
| 27.8. - 30.8. | Mam Juri duerch de Weltall | Ierpeldeng | 4-7 Joer |
En Donneschden, de 13. Mee ass d'COSL Spillfest op der Kockelscheier, wou de Groupe Animateur wéi all Joer mat engem grousse Stand vertruet ass, wou Iech vill Spiller an Informatiounen iwwert ons Aktivitéiten erwaarden.
Nächst Säit: Allgemeng Informatiounen