Kontakt
Erliefniskolonie
Et gett vill ze erliewen
Agedro den 24.08.2018 vum Lynn KrausNodeems gëschter Moien d’Kanner ënnert anerem hier eegen Billerrumm, Cookies an Seefen gemaach hunn, hunn sech déi eng gëschter Metten am Bësch militäresch weidergebilt an déi aner mat Waasserspiller ofgekillt.
Owes konnten d‘Kanner am Wëllen Westen hier Goldnuggets am Casino verspillen a sech an der Bar mat engem Cocktail erfrëschen.
Haut huet e mysteriéisen Mord op enger Party vir vill Chaos gesuergt gutt, dass een Deel vun den Kanner sech bereet erkläert huet den Mord opzedecken. Dei aner Kanner wollten dem Kinnek léiwer hëllefen säin Kinnekräich opriicht ze erhalen.
Op der „Vida Loca“ war gëschter och eng méi lass, den Passepartout léist sech op den geheimen Deal vum Al Kouscha an. Op den Passepartout den Deal erfëllt ginn mir den Owend gewuer.
Kommentarer zu dësem Artikel
Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.
Zréck