Menu


Blog



Adventure Camp

Déi éischt Deeg um Adventure Camp

Agedro den 14.07.2019 vum Stephanie Weber


Eng eischte Kéier mëlle mir eis aus dem scheine Wäicherdang. No der eischter Nuecht am Zelt, si mir gemittlech an den Dag gestart, mat Tshirte molen fir déi méi jonk an engem Quiz fir déi méi al. Dunn hu mir eis mat engem leckeren Chilli Con Carne gestäerkt a ware prett fir d’Zauberer. Si haten en Tournoi fir eis virbereed, mat Quidditch, engem Waasserparcours an engem kniffelegen Escape Room. Owes dunn hu mer déi gesammelt Punkten a verschidden Géigestänn ëmgetosch, mat deene mir konnte magesch Objete kafe goen. Haut stinn verschidde Workshoppen um Programm: Vun Kachen, iwwert Video-dréinen oder handwierklech ënnerwee ass fir jiddereen eppes dobäi.

 

Wéi et déi nächst Deeg wieder geet, gëtt nach net verrooden, kommt einfach regelméisseg op de Blog luussen.

 

Mir schécken tonne Spaass a vill gutt Laun bei iech heem 😊Bis geschwënn, Moniteuren an déi Jonk vum Adventure Camp 2019

_1033848.jpg _1033856.jpg _1033865.jpg _1033897.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 494 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Déi éischt Deeg um Adventure Camp"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

1.09.2019 - 08.09.2019
Art Together

1.09.2019 - 08.09.2019
Check-In

7.09.2019 - 11.09.2019
Hollenfall


Nei am Blog