Menu


Camps a Kolonien

Cinopolis

28. Mee 2019 bis 31. Mee 2019

Wëlls du och wéi den Jack Sparrow, d’Lara Croft oder den Harry Potter an all Kino bestaunt ginn? De Cinopolis mécht aus dir deen nächsten Hollywood-Star! Erlief selwer mat wat et heescht op der Bühn ze stoen an ee Schauspiller ze sinn. Mat Ennerstëtzung vu Berühmtheete léiers du dech selwer an Zeenen ze setzen, an du wäerts spiere wéi et ass iwwert de rouden Teppech ze goen. Ergräif deng eemoleg Chance op ee gëllenen Oscar a sief dobäi wann de Cinopolis seng Dieren opmécht. „The show must go on“.

 
Fir 35 Kanner vun 12 - 15 Joer
Plaz: Hosingen ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 151 €
Responsabel: Jon Lahyr & Markus Mares

Umellung

  Et sinn nach Plazen op dëser Aktivitéit fräi.

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer: Nodeems dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir normalerweis eng schrëftlech Confirmatioun, dass Dir fir d'Aktivitéit ugeholl sidd oder op enger Waardelëscht stitt. E puer Woche virun der Aktivitéit, kritt dir en zweete Bréif mat allen néidegen Informatiounen zum Oflaf vun der Aktivitéit an der Bezuelung. Wann et domat Probleemer gëtt, da mellt Dir Iech am Beschte beim SNJ.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Cinopolis"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

23.03.2019 - 24.03.2019
Märechersweekend

29.03.2019 - 30.03.2019
Owesaktivitéiten an Nuetsspiller

7.04.2019 - 13.04.2019
Ouschterkolonie I


Nei am Blog