Menu


Camps a Kolonien

Action am Mëllerdall

27. Oktober 2019 bis 31. Oktober 2019

Du wëlls eng onvergiesslech Woch mat lauter coolen & sportlechen Aktivitéiten am Mëllerdall verbréngen? Du bass fit um Velo a prett fir de Mëllerdall virun enger Katastroph ze retten? Da bass du hei genau richteg!
D`Kolonie start an der Fiels, wou mir owes op eisem Duerffest eng schlëmm Nooricht iwwermëttelt kréien. Fir d'Gégend virun enger Katastrophe ze rette, musse mir deen nächsten Dag duerch de Mëllerdall op Beefort hiken. Do hu mir da während 3 Deeg en ofwiesslungsräichen a spannende Programm, ir mir da schlussendlech mam Velo op Iechternach fueren, fir do dee leschten Dag eis Missioun auszeféieren an eisen Erfolleg ze feieren.
Fir 25 Kanner vun 10 - 14 Joer
Plaz: Beefort-Fiels-Iechternach ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 352 €
Responsabel: Sarah Schmit & Anne Kieffer

Umellung

  Et sinn nach Plazen op dëser Aktivitéit fräi.

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer: Nodeems dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir normalerweis eng schrëftlech Confirmatioun, dass Dir fir d'Aktivitéit ugeholl sidd oder op enger Waardelëscht stitt. E puer Woche virun der Aktivitéit, kritt dir en zweete Bréif mat allen néidegen Informatiounen zum Oflaf vun der Aktivitéit an der Bezuelung. Wann et domat Probleemer gëtt, da mellt Dir Iech am Beschte beim SNJ.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Action am Mëllerdall"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

18.08.2019 - 22.08.2019
4 Nuechten am Zelt

19.08.2019 - 26.08.2019
Zeltkolonie fir eis all II

19.08.2019 - 29.08.2019
Erliefniskolonie


Nei am Blog

Spillvakanz
Spillvakanz at its best

Spillvakanz
En Daag net an der...

Spillvakanz
Abenteuer