Kalenner
Camp Ierpeldeng I |
19. Juli 2019 bis 29. Juli 2019
Drrring, d’Schell huet fir d’lescht dëst Schouljoer gebimmelt, du gees heem, lees deng Schoulbicher an de Schaf an hëls däin Hike-Rucksak raus. Du paaks alles drna wat s de fir en eemolegt Abenteuer mat de legendäre Spiller ouni Grenzen, engem onvergiesslechen Hike, 10 Nuechten am Zelt bei der Sauer an nach villes méi brauchs a méchs dech op de Wee op Ierpeldeng. Kléngt dat net no engem gudde Start an d’grouss Vakanz?? Da mell dech an deng Kollege séier un da gesi mer eis am Summer um Ierpel 1.
Fir 100 Kanner vun 9 - 12 Joer
Plaz: Ierpeldeng ->Infoen a Weebeschreiwung Präiss: 188 € Responsabel: Jeanne Jénin & Ben Piret Kuckt méi Fotoe vun dëser Aktivitéit aus dem Joer 2015. |
![]() |
Umellung
  Et sinn nach Plazen op dëser Aktivitéit fräi.
D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer:

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer:
- Internet: Direkt Umellung iwwer den Agenda vum SNJ
- Telefon: 247-86455
- Fax: 46 41 86
- Service National de la Jeunesse
138, boulevard de la Pétrusse
B.P. 707
L- 2017 Luxembourg
Kommentarer zu dëser Aktivitéit
Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.
Iepel1 bescht kolonie ever zu Camp Ierpeldeng I
Agedro den 19.01.2014 vum Kate bremer
Ech fannen den iepel ass dei geilste kolonie an dei ech je waar freen mech schon op den iepel 2014:)