Menu


Formatioun

Formatiounswoch 1. Cycle

26. Mee 2019 bis 1. Juni 2019

Wëlls du Kanner eng flott Vakanz bidden an dobäi selwer vill Spaass hunn? Da bass du op dëser Woch genee richteg! Praxisorientéiert léiers du wéi ee Kanner mat Spiller, Atelieren a méi, animéiert, wéi e Grupp funktionéiert a wéi een an enger Moniteursequipe zesumme schafft a sech ameséiert fir sou de Kanner eng onvergiesslech Zäit ze bidden. Fills du dech ugesprach? Da mell dech séier un, fir gutt Stëmmung ass op alle Fall gesuergt.

Fir 20 Jonker vun 16 Joer un
Plaz: Eesebuer ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 160 €
Responsabel: Meggie Hoffmann, Cassidy Nelting & Tom Fischer

Umellung

  D'Aktivitéit ass voll, mee et kann ee sech op d'Waardelëscht aschreiwen.

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer: Nodeems dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir normalerweis eng schrëftlech Confirmatioun, dass Dir fir d'Aktivitéit ugeholl sidd oder op enger Waardelëscht stitt. E puer Woche virun der Aktivitéit, kritt dir en zweete Bréif mat allen néidegen Informatiounen zum Oflaf vun der Aktivitéit an der Bezuelung. Wann et domat Probleemer gëtt, da mellt Dir Iech am Beschte beim SNJ.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Formatiounswoch 1. Cycle"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

4.05.2019 - 05.05.2019
Plang B

10.05.2019 - 12.05.2019
Grouss Spiller am Bësch an an der Stad

18.05.2019 - 19.05.2019
Teambuilding


Nei am Blog

Ouschterkolonie II
Vill Spaass op der...

Ouschterkolonie II
Start an d´Ouschterkolonie

Ouschterkolonie I
1001 Nacht zu Huelmes