Menu


Camps a Kolonien

Zeltkolonie fir eis all II

17. August 2018 bis 24. August 2018

Ob am Rollstull oder zu Fouss,
dës Kolonie ass grandious!
Spillen, bastelen, zelten a sangen,
a vill nei Frënn fannen.
Zu Colmar-Bierg ass och dëse Summer nees eng lass,
dofir mell dech séier un a komm mat!
Zesumme wäerte mir vill flott a spannend Abenteuer erliewen,
a mir loossen eis de Spaass duerch näischt verdierwen.
Wëlls du eng Woch verbréngen wéi nach ni,
da bass du genee richteg op der Zeltkolonie!
Fir 30 Kanner vun 7 - 10 Joer
Plaz: Colmar-Bierg
Präiss: 198 €
Responsabel: Leatitia Loconte & Anne Gantrel
Kuckt méi Fotoe vun dëser Aktivitéit aus dem Joer 2013.


Umellung

  Et sinn nach Plazen op dëser Aktivitéit fräi.

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer: Nodeems dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir normalerweis eng schrëftlech Confirmatioun, dass Dir fir d'Aktivitéit ugeholl sidd oder op enger Waardelëscht stitt. E puer Woche virun der Aktivitéit, kritt dir en zweete Bréif mat allen néidegen Informatiounen zum Oflaf vun der Aktivitéit an der Bezuelung. Wann et domat Probleemer gëtt, da mellt Dir Iech am Beschte beim SNJ.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Zeltkolonie fir eis all II"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

2.06.2018 - 03.06.2018
Mam Nimham bei d’Indianer

9.06.2018 - 10.06.2018
Mam Sherlock am Misterydall

9.06.2018 - 10.06.2018
Integratioun vun Kanner mat enger Behënnerung


Nei am Blog