Menu


Blog



Adventure Camp

Den Adventure Camp on Tour

Agedro den 17.07.2019 vum Valerie Klein


 

Hallo, mir mëllen eis erëm aus Wäicherdang. Leider hate mir e Problem mam Internet, dofir kounte mir keng Fotoen eroplueden. Elo sinn d‘Fotoen awer do an och bei dësem Beitrag fannt dir e puer weider Fotoen. 

Allerdéngs ware mir déi läscht Deeg net vill um Site, mee ënnerwee am Land. An zwar hu mir e Meinden dem Josette an dem Josephine gehollëf de Räiber ze fannen deen si um Wee fir op Wäicherdang am Zuch beklaut hat, dofir hate mir e ganze Koup Aufgaben ze maachen, fir de Policebericht auszefëllen.

En Dënschden stoung e weideren actionräichen Dag zu Lëltz um Programm mat Waasseraktivitéiten, ewéi Standup Paddling a Kayak a moies ass et méi heich erop gaangen, wou mir eis beim Klooteren amuséiert hunn . Nodeems mir zeréck um Camp waren, krute mir Gegrills a lecker Zaloten. Haut ass et du lassgaangen op den eischten Dag vum legendären Hike. Sidd gespant op déi nächst Deeg a Fotoen. Bis geschwenn!

 

IMG-20190715-WA0002.jpg IMG-20190717-WA0001.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 255 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Den Adventure Camp on Tour"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

19.08.2019 - 26.08.2019
Zeltkolonie fir eis all II

19.08.2019 - 29.08.2019
Erliefniskolonie

1.09.2019 - 08.09.2019
Art Together


Nei am Blog

Spillvakanz
Spillvakanz at its best

Spillvakanz
En Daag net an der...

Spillvakanz
Abenteuer