Menu


Blog



SOG SOG SOG

Agedro den 27.07.2019 vum Jeanne Jénin


Haut ass ët souwäit den Pendant zu den Olympeschen Spiller fënnt zu Ierpeldeng statt. Eis Spiller ouni Grenzen, kennen wirklech keng Grenzen an d'Kanner kréien den ganzen Daag een vollen Programm aus den verschiddensten Spiller gebueden.
 Den Highlight sinn déi dréi Kinnéksdisziplinen, wou haut an den groussen Finalen néi Ierpel Helden gebuer gin. Déi eischt Disziplin ass den Parcours, an dëser Sportaart muss een iwwert een riesegt Hinderniss vun 25 Meter sech duerchkämpfen an déi schnellsten Equipe kënnt an engem KO System wéider.
Fir déi méi Haard gëtt et d'Schlammgrouf, an dëser Arena battelen sech zwou Equipen fir am meeschten Bäll aus dem Schlamm ze sammelen. An dëser Disziplin gewënnt just den Stärksten an et kann een sech ganz vill Respekt erschaffen wann een dësen Tournoi gewënnt.
Den Counterstrike gëllt als Häerzstéck vun den Disziplinen do geet et drëms ähnlech wéi am Quidditch mat Tennisbäll an een Kuerf ze schéissen während deems déi géigneresch Equipe probéiert déi Equipe déi duerch den Terrain leeft oofzeschéissen. Dëst ass eng immens schwéier Disziplin fir d'Kanner.
Mir hoffen dass d'Wierder gut bléift, fir dass dësen Highlight vum Ierpel 1 wéi all Joer een Erfolleg gëtt an d'SOG Gewënner sech veréiwegen kënnen.

Owes gëtt dann am Open Cinema gemittlech "Der Lorax" gekukt, wou d'Kanner mat enger Schossel Popcorn sech raschten an relaxen kënnen an den Daag gemittlech auskléngen loossen.
D'Kolonie geet lues an lues op en Enn an d'Kanner awer och d'Moniteuren profitéieren nach voll vun der Zeit an mir frëen eis ierch en Méindeg um halwer Fënnef op der Kiermes kënnen ze begréissen.

Bildschirmfoto_2019-07-27_um_11.18.24.png Bildschirmfoto_2019-07-27_um_11.18.42.png Bildschirmfoto_2019-07-27_um_11.18.54.png Bildschirmfoto_2019-07-27_um_11.19.21.png Bildschirmfoto_2019-07-27_um_11.19.32.png Bildschirmfoto_2019-07-27_um_11.19.43.png
Dësen Artikel gouf bis elo 725 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "SOG SOG SOG"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

28.09.2019 - 29.09.2019
The last Summer Hike

13.10.2019 - 14.10.2019
Vampiren- a Gespensterweekend

19.10.2019 - 20.10.2019
Grujelweekend


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Fotoen Erliefniskolonie

Erliefniskolonie
Ennerwee um Hike

Erliefniskolonie
Dag um Stau