Menu


Kalenner

Bastel-Gekniwwels (Formation de base)

20. Oktober 2018 bis 21. Oktober 2018

Schluss mat Graskapp & co., op dësem Weekend kriss du vill nei originell Iddien fir Atelieren. Hei gëtt geschnëppelt, gepecht, Rezepter a verréckt Sportaarten ausprobéiert bis et net méi geet. Hei gesäis du wéi een sou eng Aktivitéit opbaut a kriss vill Tipps an Tricks mat op de Wee.
Fir 20 Jonker vun 16 Joer un
Plaz: Beefort ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 35 €
Responsabel: Julie Feiereisen & Kim Geller

Umellung

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer:
  • Internet: http://agenda.snj.lu
  • Telefon: 247-86455
  • Fax: 46 41 86
  • Service National de la Jeunesse
    138, boulevard de la Pétrusse
    B.P. 707
    L- 2017 Luxembourg
Nodeems dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir normalerweis eng schrëftlech Confirmatioun, dass Dir fir d'Aktivitéit ugeholl sidd oder op enger Waardelëscht stitt. E puer Woche virun der Aktivitéit, kritt dir en zweete Bréif mat allen néidegen Informatiounen zum Oflaf vun der Aktivitéit an der Bezuelung. Wann et domat Probleemer gëtt, da mellt Dir Iech am Beschte beim SNJ.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Bastel-Gekniwwels"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

20.10.2018 - 21.10.2018
Bastel-Gekniwwels

20.10.2018 - 21.10.2018
Grujelweekend

28.10.2018 - 03.11.2018
Formatiounswoch 1. Cycle


Nei am Blog