Blog
Vill lass op der Erliefniskolonie
Agedro den 27.08.2018 vum Alain TonnarGëschter hunn Kanner an hirem Projet de ganzen Dag Hütte gebaut, um oppene Feier gekachtoder gebitzt. Se hunn um Nuetsspill gehollef de Fluch um Neihaischen ze bekämpfen. Haut ass et dunn an de Mariendall gaange wou Kanner all am Héichseelgaart waren an dono eng Teambuildingaktiviteit gemaach hunn.
Owes hunn Kanner dunn gehollef den Antoine Escargot, Legato a Palina vun den Kannibalen ze befreien. Dest ass geschitt well eist Schëff Vida Loca huet missen opgrond vun technesche Problemer op enger verloossen Insel uleeën. Leider ass des Insel vu Kannibale bewunnt. Kommissären hunn och schonn de schëllege Lorenzo von Matterhorn festgeholl, ëmmerhi gouf säin Hiem am Maschinneraum fonnt.
Kommentarer zu dësem Artikel
Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.
Zréck