Menu


Kalenner

Spillvakanz

3. August 2017 bis 12. August 2017

Zu Beefort ass eng méi lass a jiddereen ass do. D’Welt steet kuerz virum Ënnergang an dofir treffen sech alleguerten d’Superhelde fir zesummen e Plang auszeschaffen an d’Mënschheet ze retten. Dofir brauche mir lo all Hëllef. Komm och du mat op Beefort an entdeck och du deng Supertalenter, an erlief dobäi ee spannend Abenteuer mat ville Spiller, flotten Atelier’en a groussen Iwwerraschungen! Pak däi Rucksak a komm mat eis a ville neie Frënn fir 10 Deeg op Beefort.
Fir 50 Kanner vun 7 - 10 Joer
Plaz: Beefort ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 300 €
Responsabel: Jeff Hennico & Li Hermes
Kuckt méi Fotoe vun dëser Aktivitéit aus dem Joer 2013.


Umellung

  D'Aktivitéit ass voll, mee et kann ee sech op d'Waardelëscht aschreiwen.

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer: Nodeems dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir normalerweis eng schrëftlech Confirmatioun, dass Dir fir d'Aktivitéit ugeholl sidd oder op enger Waardelëscht stitt. E puer Woche virun der Aktivitéit, kritt dir en zweete Bréif mat allen néidegen Informatiounen zum Oflaf vun der Aktivitéit an der Bezuelung. Wann et domat Probleemer gëtt, da mellt Dir Iech am Beschte beim SNJ.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Spillvakanz"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

3.08.2017 - 12.08.2017
Spillvakanz

3.08.2017 - 13.08.2017
Camp Ierpeldeng II

3.08.2017 - 10.08.2017
Zeltkolonie fir eis all I


Nei am Blog

Camp Ierpeldeng I
SOG SOG SOG SOG

Mam Yuri duerch...
Mir hunn ofgehuewen

Camp Ierpeldeng I
Chilling Day zu Ierpeldeng...