Menu


Freelance


Aféierung

Dir organiséiert gär e Kannergebuertsdag, e Spillfest oder soss e Fest fir Kanner a sidd nach op der Sich no der néideger Animatioun?
Dann ass de Service Freelance vum Groupe Animateur genau dat Richtegt fir Iech!

 

 

Detailer

Dir kënnt ons Animateure fir privat Kannerfester, Spillfester oder aner Animatiounen engagéieren.
Mir bidden Iech eng breet gefächert Animatioun un: nierft engem grousse Répertoire vu Spiller (vu klenge Partyspiller iwwer Rallyen bis hin zur Groussgruppenanimatioun), bidde mir och Schminken un. Kontaktéiert ons am beschte fir Ären individuelle Programm vun Ärem Fest mat onsen Animateuren opzestellen!
Mat dësem Service ënnerstëtzt Dir an engems och ons jonk Animateuren, déi an hirer Fräizäit op onsen Aktivitéiten aktiv sinn, a sech duerch de Service Freelance e klengt zousätzlecht Täschegeld verdénge kënnen.




Ufroen

Fir all Ufroen a weider Detailer, schreift ons einfach eng Email u freelance(at)groupe-animateur.lu oder benotzt de Kontaktformulär op dëser Säit.
Well ons Animateuren dëst allerdéngs an hirer Fräizäit maachen a mir och schon en zimlech grousse Programm vun Animatiounen uechter d'Joer ubidden, kënne mir Iech leider am Viraus net garantéieren, datt mir tatsächlech eng Persoun fir Är Aktivitéit fannen. Aus dësem Grond ass et och gutt, wann Dir ons méiglechst laang am viraus kontaktéiert, well d'Chance esou am gréissten ass, datt mir Iech eng oder méi Persoune vermëttele kënnen.





Kalenner



Nächst Aktivitéiten

25.11.2017 - 26.11.2017
Zirkus op der Kolonie

2.12.2017 - 03.12.2017
De roude Fuedem

27.12.2017 - 01.01.2018
Wanterkolonie


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...